Le Chapiteau du Théâtre d'Esch

"Escher Liewensfrou": Liewen, liewen, liewen, - Eng Schokelasknippchen, eng Fra, e Quetschefluet an e Goldfasan.

Scho laang keng Schokelasknippche méi krut? Als Fra passt ee jo op seng Linn op. Heiandsdo e Qutschefluet mä ganz sécher kee Goldfasan. A wat soll ech soen, firwat net emol eng Kéier richteg op d'Tromm schloen den 20. respektiv den 21. Mäerz 2009 zu Esch am Zelt. Do kritt dir alles an engem Owend zerwéiert, dat gëtt: Liewen, liewen, liewen. Wat sech zum Deel esou kulinarisch unhéiert, ass den Titel vun der Escher Liewensfrou hirem neien Theaterstéck.

20090321_liewen_liewen_liewen_001
20090321_liewen_liewen_liewen_001
www.eschalzette.com